Player FM - Internet Radio Done Right
Checked 29d ago
Lagt til three år siden
Innhold levert av Cecilia Said Vieira. Alt podcastinnhold, inkludert episoder, grafikk og podcastbeskrivelser, lastes opp og leveres direkte av Cecilia Said Vieira eller deres podcastplattformpartner. Hvis du tror at noen bruker det opphavsrettsbeskyttede verket ditt uten din tillatelse, kan du følge prosessen skissert her https://no.player.fm/legal.
Player FM - Podcast-app
Gå frakoblet med Player FM -appen!
Gå frakoblet med Player FM -appen!
Podcaster verdt å lytte til
SPONSET
Grumpy helps a reader choose the best hydrangea for their hometown. Plus, Grumpy’s gripe of the week. You can find us online at southernliving.com/askgrumpy Ask Grumpy Credits: Steve Bender aka The Grumpy Gardener - Host Nellah McGough - Co-Host Krissy Tiglias - GM, Southern Living Lottie Leymarie - Executive Producer Michael Onufrak - Audio Engineer/Producer Isaac Nunn - Recording Tech Learn more about your ad choices. Visit podcastchoices.com/adchoices…
Ceci, Do You Love Me?
Merk alt (u)spilt...
Manage series 3270521
Innhold levert av Cecilia Said Vieira. Alt podcastinnhold, inkludert episoder, grafikk og podcastbeskrivelser, lastes opp og leveres direkte av Cecilia Said Vieira eller deres podcastplattformpartner. Hvis du tror at noen bruker det opphavsrettsbeskyttede verket ditt uten din tillatelse, kan du følge prosessen skissert her https://no.player.fm/legal.
Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)
…
continue reading
72 episoder
Merk alt (u)spilt...
Manage series 3270521
Innhold levert av Cecilia Said Vieira. Alt podcastinnhold, inkludert episoder, grafikk og podcastbeskrivelser, lastes opp og leveres direkte av Cecilia Said Vieira eller deres podcastplattformpartner. Hvis du tror at noen bruker det opphavsrettsbeskyttede verket ditt uten din tillatelse, kan du følge prosessen skissert her https://no.player.fm/legal.
Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)
…
continue reading
72 episoder
Alle episoder
×FESTIVAL SEASON IS ON! Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d’Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun. De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8. Juni zu Haut-Maarteleng statt. Zu Gaascht am Studio fir iwwert de Festival ze schwetzen hunn ech de Goerges vum Booking Team an d'Audrey vum Volunteers Team. Mir diskutéieren iwwert verschidden Themen zum Beispill, wisou et hinne wichteg ass, Fraen op der Bün an hannert der Bün méi z'ënnerstëtzen an och wat sou d'Challenges si beim Opbau vun engem Festival. natierlech verroden si eis och wéi eng Acts dëst Joer dobäi sinn a wourop een sech nach alles freeë kann. Lauschtert erann a loosst gären eng Bewertung do! Fir de Recht: Mir gesinn eis um Festival :)…
Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos . Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe! Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op: 30.12.2024 Rocas (Luxembourg) 25.01.2025 La Chouée (Metz) 05.03.2025 MK Bar (Belval) 09.08.2024 Klierf Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch! Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi…

1 #55 Eileen Byrne - Wat geschitt hannert de Kulisse vun engem Filmset? 39:07
39:07
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt39:07
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben , e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :) Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.…

1 Special Edition - Semaine de la Santé Mentale - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia 32:06
32:06
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt32:06
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen. Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer Säit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klären d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam. Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de Fränz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram . méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu. Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!…
Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizéiers, da bass de héchstwarscheinlech ee Boomer. An dat ass och okay. Anywas: Falls du d'Jill nach net kenns, kenns du vläicht seng Stëmm. Hat ass nämlech Co-Host vum Paus Podcast an Host vum Onbekannt Podcast zesumme mam Journal. Hat huet vill z'erzielen! Lauschter eran – et si spannend Themen dobäi!…
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer. An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir? Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze hunn? Gëtt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dramshow? A wat géings du maachen, wann’s du dee Job net häss? Dat a villes méi erzielt iech de Loïc an dëser Episode. Vill Spaass beim Lauschteren! Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu…

1 #52 Saint Charles - Ëmmer humble bleiwen. 41:15
41:15
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt41:15
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? - Gemengen: Süden vs. Norden - Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns - Street Credit: "Zu Lëtzebuerg huet keen wierklech Streetcredit, a wann dann war et seng eegen Entscheedung" - Glaawen: Op Gott, Astrologie, oder de Big Bang, de Glaawen spillt beim Saint Charles eng grouss Roll. Vill Spaass beim Lauschteren! Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu…

1 #51 Marlee Dos Reis - Fighting For Representation 49:47
49:47
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt49:47
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :) D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach. Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren an wat, oder ween hat alles brauch fir alles kënne ëmzesetzen, ouni komplett ënner ze goen. Merci fir d'Laanschtkommen! Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/…

1 #50 Thomas Roland - De Maale Gars mécht Schluss 40:20
40:20
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt40:20
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech? Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal? - Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn? - Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen? - Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach? - Wat ass däin Erfolgsfaktor mat Musek op lëtzebuergesch? - Teaser an dem Maale Gars säin LESCHTEN Album! - De Maale Gars mécht Schluss... Vill Spaass beim Lauschteren! <3 Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/…
Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆 Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen: ➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann. ➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber. ➡️ Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si? ➡️ Optimismus am Aktivismus: Wéi mëss du dat fir keng Hoffnung fir d'Zukunft ze verléieren? ➡️ Wat ass Petrol Masculinity? ➡️ Wat kann een alles maache fir ee méi nohaltegen Environnement opzebauen? ➡️ Feminismus, Klimaaktivismus, Antirassismus, Antifaschismus, ... ass alles Deel vum selwechte Kampf! Villmools Merci fir d'Lauschteren! Schreift gäre Feedback ënnert de Kommentarer, oder direkt op der Spotify App. Fir déi déi op aner Plattforme lauschtere roden ech iech un de Video op Youtube ze kucken. https://www.youtube.com/channel/UC3djRrr6mdarLe_V1plY3jw Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Culture-forest Festival - Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/…

1 #48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem? 38:20
38:20
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt38:20
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond. Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen? De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!…
Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert. Lauschtert eran and stay tuned for more!…
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀 Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen. Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer!…

1 #45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur 23:51
23:51
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt23:51
De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen. Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :) 🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me…

1 #44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss! 48:42
48:42
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt48:42
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner? 🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt? 🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun? 🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un? 🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.? Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #36 Raphael Betti - Vu Schoulmeechter op Award-Winning Bartender 45:14
45:14
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt45:14
Episode 36: Vu Schoulmeeschter op Award-Winning Bartender Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg bzw. aus Benelux. Mir beäntferen an dëser Episode ënner aanerem folgend Froen: Wisou ass de Raphael vu Schoulmeeschter an d'Gastro gewiesselt? Wat ass d'Konzept vun der Event-Reih "Moonshine"? Wat ginn et fir aussergewéinlech Bar Konzepter op der Welt - a kéinten déi och zu Lëtzebuerg funktionéieren? Wéi gesinn d'Behind The Scenes vun der Barscene zu Lëtzebuerg aus? Wisou gi vill Leit an der Scene "ënner"? Wat ass d'World Class Bartender Competition a wéi hues du dech do fir d'Final zu Sydney nominéiert? Vill Spaass beim Lauschteren! Folgt dem Rapahel op Instagram: https://www.instagram.com/betti_rapha/ ______________________________________ INFO: Dat heiten ass déi läscht Episode vum Konzept CDYLM!…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #35 Djuna Bernard - Scoutismus, Feminismus a positive Lobbyismus 51:59
51:59
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt51:59
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard . Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn. An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi Werdegang, wat fir eng wichteg Roll de Scoutismus a sengem Liewe spillt, wisou Lobbyismus net ëmmer schlecht ass a - mäi Liblingsdeel - wéi eng Hürden hat als jonk Fra an der Chamber muss bewältegen, fir genau sou eescht geholl ze gi wéi seng mat-Politiker:innen. Stéchwuert: Feminismus! Vill Spaass beim Lauschteren! Falls iech meng journalistesch Aarbescht gefällt, kënt dir mech ënnerstetzen andeems dir mäi Patreon Account abonnéiert oder meng Merchandise kaaft. Méi Informatiounen doriwwer fannt dir hei: https://neon.page/cecidoyouloveme…
C
Ceci, Do You Love Me?

Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :) Mir schwätzen iwwert folgend Saachen: - Wat brauch een alles fir Imker ze ginn? - Wéi kommunizéiere Beien a wéi funktionéeiert hier "Welt"? - Wisou si Beien sou wichteg fir eis? - Wéi kann een "Fake Hunneg" vu richtegem ënnerscheeden? - Wéi ethesch ass et Beien ze halen? ... a villes méi! Vill Spaass beim Lauschteren! Support Link a Merch: https://neon.page/cecidoyouloveme…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 Mir si Miersch 2022 - Special Festival Episode 32:36
32:36
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt32:36
Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot. An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) : - Tun Van Beest (Mat Organisateur) - Ledé Milestone (Artist https://neon.ly/vE3XK ) - Marvin Caldarella (Haapt-Organisateur) - Art in Motion - Damien Giudice vun Mediabox https://www.mediabox.services - Scoute vun den LGS Miersch - Stayfou (Luka Tonnar, John Wolter, Tun Tonnar https://neon.ly/mQPX1 ) - The Disliked ( https://neon.ly/mlbPd ) - Seed To Tree ( https://neon.ly/pyZDo ) - Le Vibe ( https://neon.ly/pP3X3 ) - Serge Tonnar ( https://neon.ly/NZBZP ) Villmoools Merci u jidderen den dobäi war!…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #33 Lindsay Caldarella - Asexualitéit & Polyamorie 48:34
48:34
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt48:34
*VERBESSERUNG* Et ass keen während den Riots gestuewen! Asexualitéit bezeechent d'Absence vu sexueller Unzéiung géigeniwwer anere Leit an och d'feelend Interess u Sex - Dat heiten ass déi méi wëssenschaftlech Definitioun vun Asexualitéit déi och zimmlech iwwerflächlech ass. Well hannert der Orientéierung stécht vill méi wéi just dat. Ech hunn dofir dem Lindsay Caldarella ganz vill Froen iwwert Asexualitéit gestallt. Mir schwätzen ënner anerem iwwert folgend Themen: Wéi fënnt e raus, dass een Asexuell ass? Muss een sech als Asexuell outen? Wéi verleeft eng asexuell Bezéiung? Hunn asexuell Leit Sex? Wat heescht et an enger polyamoréiser Bezéiung ze sinn? Et gëtt e Grond wisou ech dëst Episode haut verëffentlechen an net Sonndes. Haut si mir den 28. Juni an genau an dësem Dag am Joer 1969 huet d'LGTBQ+ Community fir hier Rechter gekämpft. Déi Protester ginn als Stonewall Riots bezeechent. Dank deenen huet d'Lgtbq+ Community haut vill méi Rechter. Vill Spaass beim Lauschteren! ___________________________________ Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht. Ech géing mech mega freën wann dir mech finanziell ënnerstetze kéint: https://www.patreon.com/cecidoyouloveme Oder kaaft meng Merchandise: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 CECI ASKS: Klichéen vun enger veganer Ernährung 36:14
36:14
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt36:14
Veganer hu Proteinmangel, iesse just Zalot a mussen ëmmer jidderengem soen, dass sie Veganer sinn. Dat heiten si just dräi vu ville Clichéen mat deene Veganer:inne am Alldag konfrontéiert ginn. Wat viru 10 Joer eppes komplett Alternatives war, ass haut a ville Grousstied zum Normale ginn. Vill Leit - zumools Jonker - entscheeden sech ëmmer méi op eng vegetaresch a suguer vegan Ernährung emzesteigen - wat natierlech gue net mol sou einfach ass. Dofir hunn ech mat 3 Veganer:inne geschwaat déi mir vun hiere liiblingsklichéen erzielt hunn a wisou sie sech vegan ernähren. Vil Spaass beim Lauschteren! Grousse Merci un de Raphael Betti, d'Silvie Almeida an d'Nadia vu Vegains Luxembourg!…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #32 Anouk Treff - Wéi lieft ee mat Anorexie? 45:32
45:32
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt45:32
Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de Fraen an 0,3% vun de Männer leiden. An dëser Episode schwätzen ech mam Anouk Treff, wat duerch d'Krankheet gaangen ass, wéi et dozou komm ass, wéi et säin Ëmfeld betrëfft, wat d'Symptomer dovunner sinn an och wisou et him wichteg ass doriwwer ze schwätzen. D'Episode ass zimmlech "positiv" opgebaut, mee fir déi déi sou Themen net kënnen héieren, sollten dëst Episode skippen. ________________ MERCH: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #31 Andreia Monteiro - Borderline Personality Disorder 41:54
41:54
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt41:54
Éischt Episode vun der 3. Staffel: An dëser Episode schwätzen ech mam Andreia Monteiro iwwert eng Krankheet, vun der een oft an den Medien héiert: Borderline Personality Disorder. Wat genau ass déi Krankheet? Wat sinn d'Symptomer, wéi lieft een domad an kann een et heelen? Et ass extrem schwéier mat der Krankheet ëmzegoen dofir ass et dem Andreia wichteg doriwwer ze schwätzen fir Awareness zu Lëtzebuerg ze schafen. Ech hoffen dir kritt mat Hëllef vun dëser Episode een anert Bild op mental Krankheeten. Vill Spaass beim Lauschteren! TRIGGERWARNING: Falls iech Themen wéi Doud & mental Krankheet net gutt dinn, dann skippt w.e.g dest Episode. _______________________________________ Dir gefält meng redaktionell Aarbecht an du wëlls méi vu CDYLM Podcast héieren? Dann ennerstetz mech op mengem Patreon Account! Du hues do 3 verschidden Optiounen wéi s du mir hëllefen kanns: https://www.patreon.com/cecidoyouloveme…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #30 Jil Devresse - Tëscht Zoufall, Gléck an Talent 48:59
48:59
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt48:59
Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei ville Saachen ee Stréch ënnert d'Rechnung gezunn huet, wéi wichteg Connections zu Lëtzebuerg sinn a schlussendlech schwätze mir och iwwert dem Jil Devresse säin éischt Lidd ënnert sengem Kënschtlernumm "Lilou". Vill Spaass beim Lauschteren! . . . Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht a vill Energie. Falls dir Loscht an d'Méiglechkeet hutt mech z'ënnerstëtzen, da géing ech mech iwwert e klengen Don freeën. Op dësem Link fannt der méi Infoen doriwwer: ➡️ https://www.patreon.com/cecidoyouloveme Dir kritt och natierlech eppes dofir zréck! D'Packages stinn all um Patreon Account. Falls du nach Froen dozou hues, dann zéck net a mell dech bei mir :)…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 CECI ASKS: Fraestreik - Wisou bass du haut hei? 17:44
17:44
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt17:44
Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten: faire Lounausgläich allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen automatesch Unerkennung vun der Elternschaft fir homosexuell Koppelen Recht op bezuelbare Wunnraum Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt Pour Info: Dat si genau déi selwecht Fuerderunge wéi virun engem Joer, well sech d'Situatioun nach ëmmer net geännert huet - éischter souguer verschlechtert, well d'Pandemie alles méi schlëmm gemaach huet. Villmools Merci un jiddereen den sech Zäit geholl huet an de Mikro ze schwätzen. Vill Spaass beim Lauschteren! Grousse Merci un: Karma an de Pit <3 Musik Credits: C'est Karma https://www.instagram.com/c.est.karma/ Photo Credits: Pit Reding https://www.instagram.com/rp.p._/…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #29 Matilda Preka - D'Realitéit hannert der Flucht. 52:53
52:53
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt52:53
- DISCLAIMER - Déi heiten Episode gouf den 31.01.2022 opgeholl. Mir thematiséieren also NET den aktuelle Russland - Ukraine Konflikt. D'Matilda huet eng Vergaangenheet hannert sech, mat der just déi wéinegst hei am Land relate kennen. Hat ass 2001 als Flüchtlingskand op Lëtzebuerg komm an huet missen duerch vill extrem Situatioune goen. hat beschreift eis wéi d'Realitéit hannert der Flucht ausgesinn huet a wéi dat ganzt hat bis haut nach gepräägt huet. Et ass interessant ze héiere wéi hat säi Wee fonnt huet mat der Situatioun eens ze ginn. Nierwend dem Thema "Gefiller beaarbechten ze kënnen" schwätze mir och iwwert seng Modelcarrière a wéi d'Welt vum Zeechnen hat ëmmer begleet huet. Vill Spaass beim Lauschteren!…
C
Ceci, Do You Love Me?

Vill vu menge Kolleegen hunn sech ëmmer gefrot, wisou ech nach keng Episode mam Tun opgeholl hunn. U sech wollte mir scho säit laangem eng Episode ophuelen, mä leider hu mir ni ee richtegt Thema fonnt. Bis lo. Den Tun ass säit 2 Méint net méi op Social Media an dat ass een Thema wouriwwer mir vill an dëser Episode schwätzen. Nierwend dem "Offline" sinn hu mir och doriwwer geschwat, wéi een als Museker Sue verdéngt, wéi ee mat sengen Traumata ëmgeet, wisou Männer méi kräische sollen a schlussendlech verréit iech den Tun d'Geheimnis fir ad'Motivatioun ze fannen Projeten duerchzezéien. Den Tipp huelen ech mir och scho säit laangem zu Häerzen! Nierwend all dem kënnt dir exklusiv an dëser Episode an zwou unreleased nei Singlen vum Tun ranhéieren! Vill Spaass beim Lauschteren a schreift mir gäre Feedback zu dëser Episode :) Lauschtert a seng Musék erann: https://open.spotify.com/artist/6jaPkL4pNfa4aEDCIEYNP0?si=lwq8-5_rQzCGhRVOAppcFw Dem Tun säin Tinder Account: https://tinder.com/@turnuptun :D…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #27 Dirk Kesseler - Kréativitéit ass ee Mindset 57:59
57:59
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt57:59
Den Dirk Kessler ass an der lëtzebuergescher Illustrator Scene scho zimmlech etabléiert. Hien huet scho zesumme mat den Rotondes een augmented Reality Kannerbuch illustréiert an animéiert, zuelräich Comics a Plakater designt a schonn e puer Awards ofgeraumt. Hien set zwar vu sech selwer, dass hien nach kee richtegen Illustrator ass, well hien nach net fäerdeg ass mat sengem Studium, mee ech denken, dass dat engt net vun dem aneren ofhängeg ass. Den Dirk erzielt eis an dëser Episode ënner anerem seng Usiichten zum Thema “Stil fannen” mee awer och erkläert en eis, wat et fir hien bedäit originell ze sinn. Iwwregens huet den Dirk wuel vun all mengen Gäscht den interessantsten Objet matbruecht mat enger schéiner a witzeger Geschicht, loosst iech iwwerraschen! An Avis aux amateurs, mir zwee sichen no engem Steierberoder. Mellt iech gären, well et schéngt sou, als hätte mir net vill Anung dovunner. Vill Spaass beim Lauschteren! Seng Websäit: https://dirkkesseler.com/ Säin Instagram: https://www.instagram.com/dirkkesseler/…
C
Ceci, Do You Love Me?

Happy New Year! Wéi fänkt een d'Joer am beschten un? Ma mat enger neier CDYLM Episode natierlech. Dëst Kéier zu Gaascht Angel Cara :) EP: 26 - Angel Cara - BE REAL Oft ass et sou, dass Kënschtler sech hannert enger Fassade verstoppen an eng Persona duerstellen, déi si a Wierklechkeet net sinn. Beim Cara gesäit et awer e bëssen aneschters aus. Hat ass REAL. Musek ass fir hat net einfach simpel Musek, mee och ee Wee fir alles ze veraarbechte wat hat erlieft huet. Hat erzielt eis an dëser Episode iwwert seng Kandheet, iwwert d'Modelwelt, mat wéi enge Lëtzebuerger Artisten hat zesumme schaffe well (Spoiler: Shoutout un de MAZ & CHAILD ) an awer och wéi et ass sech al Fra an der Musikscene duerchzesetzen. Vill Spaass beim Lauschteren! Lauschtert an seng Musek erann: https://www.youtube.com/watch?v=-MsmqsLdVco Gëlle Fro Episode: https://www.youtube.com/watch?v=8PIfhZFAYVA…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 #25 Debbie Kirsch - Sustainable Entrepreneurship 48:43
48:43
Spill senere
Spill senere
Lister
Lik
Likt48:43
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d’Debbie Kirsch. D’Debbie ass d’Grënnerin vum sustainable & faire Kleedergeschäft Devi. Mir schwätzen an dëser Episode bei engem wuelverdéngte Glas Crémant iwwert sustainable Entrepreneurship an awer och iwwert d’Problemer déi eisen Lifestyle matsechbréngen. Hat erklärt iech net nëmmen wéi säin ganzt Konzept opgebaut ass, mä och wat een alles brauch fir eng erfolgräich an nohalteg Brand ze grënnen. Vill Spaass beim lauschteren! Websäit: https://devi-clothing.com/…
Velkommen til Player FM!
Player FM scanner netter for høykvalitets podcaster som du kan nyte nå. Det er den beste podcastappen og fungerer på Android, iPhone og internett. Registrer deg for å synkronisere abonnement på flere enheter.